Wat gëtt ët Neies?

Dezember 2016

 

Blo woren d'Jonge jo scho méi wéi eemol mee elo kënnt dann op eemol richteg blot Blutt an d'Spill! Den Graf Otto huet säin éierwürdegen Titel an engem Maxi-Pak Bonux-Wäschpolfer fonnt an erliicht dee soss esou bohèmen Ensemble mat sublimer Noblesse. Ëmmer eng Servéit an der Täsch an en ärdene Krou an der Saït, hält hie streng un alen Traditioune fest. Mat haardem (Stëmm)Organ a Guitar léisst hien dobäi gären  d'Poppen danzen. Den 18. Dezember gëtt dann och mat Pomp a Gloria d'Spack-O-Joër 2016 zu Wellesteen ofgeschloss.


November 2016

 

Lo din d'Jongen och nach kreesch op de Walfer Bicherdeeg!

Samsteg, den 19. November um 3 Auer schloë mir do op Tromm a blosen de Bicherwierm  an de Liesraten gehéiereg de Marsch. Dës Kéier mat dobäi, de Kapellmeeschter Tom Wagner, deen Guitarssäite jäitzen deet. Wien sech dat entgoë léisst erspuert sëch de Gang bei den Ouerendokter, a wien nët kënnt, ass nët do! ;-)


Wéini ass de nächste Concert?


<== Hei drécken fir déi nächst Concert'en an Interviewen am grousse Kalenner ze gesin.


Spack-O-Mat um soziale Spaweck


Wanns de hei uewen am Fratzebuch "like" drécks, kanns du eis gär hun! ;-)



Däi Pefferkär

Du wëlls eis eppes soën? Hei ass déng Plaatz!

Kommentar schreiben

Kommentare: 19
  • #1

    Josy Dickens (Freitag, 19 Juni 2015 00:51)

    Bonjour dir Spack-O-Mat'ën,

    Ech hun äerch op engem Concert lescht Joër gesin a fannen aerch super. Ech hoffen dass ech aerch erëm demnächst an Aktioun erliewe kann! Alles Guddes vum Josy

  • #2

    Christiane Bauler (Montag, 06 Juli 2015 11:18)

    Ech hun de Weekend ären Album héieren a fannen e super! Gléich kennt jo hoffentlech den nächstn! :-)

  • #3

    Alex Hornick (Dienstag, 07 Juli 2015 10:09)

    "Ech war (scho méi wéi eemol) op engem Spack-O-Mat Concert an hu mech beholl ewéi e Bëlles (oder war et Mëllen?)."

    Nougaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaat!

  • #4

    Tami Batsy Sunnuntai (Dienstag, 07 Juli 2015 10:15)

    Där waart vill ze laang fort an ech si frou, datt der rëm do sidd! Op mat déckem Nougat oder kalem Kaffi... ass der sch***egal :)

  • #5

    Kevin Kleren (Dienstag, 07 Juli 2015 10:29)

    Ech fannen dei nei lidder mega geil :)

  • #6

    Yasmine Reder (Dienstag, 07 Juli 2015 10:48)

    Hallo Spack-O-Mat :)
    Frou mol endlech rem nei Lidder vun der beschter Band ze héieren.
    Ech hun scho vill Concerten vun iech gesin an hun souguer bei enger Spack-O-Mat Coverband mat gemach (op enger Hochzait als Iwwerraschung fir d Koppel)

  • #7

    Schomer Yann (Dienstag, 07 Juli 2015 11:23)

    Endlech gett et erem lass :) freen mech schon mega drop.
    An gid einfach nemmen decke Nougat

  • #8

    Mulles Dëppekapp (Dienstag, 07 Juli 2015 11:53)

    Wat ass dann hei lass? Op eemol all déi léif Comments... Ma t'ass dach schued, dass een hei nët "like" kann! Mir fréen eis op de "Kale Kaffi" an dorop, iech erëm all virun der Bühn zappelen ze gesin :-) Bis hoffentlech geschwënn, Mulles

  • #9

    IetteWatson (Dienstag, 07 Juli 2015 14:06)

    Die verrückte Band ist immer gut gelaunt bei Tag und Nacht macht sie super Musik

  • #10

    Joanna Fusulier (Dienstag, 07 Juli 2015 15:07)

    Leider nach net live gesin mee en 10ten am holläner sin ech dobei!!! ✌

  • #11

    Roberto Jannizzi (Dienstag, 07 Juli 2015 16:48)

    Wahrscheinlech dei bescht Band zu Letzebuerg ;)

  • #12

    Claude Resignol (Donnerstag, 23 Juli 2015 17:02)

    All Respect fir Texter, an och Musik as stuark
    Weider esou

  • #13

    Theo Bertes (Montag, 03 August 2015 07:24)

    Respekt Männer, dat wor en Top Optrëtt!

  • #14

    Jenny Arend (Samstag, 15 August 2015 08:47)

    Den kalen Kaffi ass den Hunmer <3<3<3 :-D :-D :-D

  • #15

    Michel from luxembourg (Sonntag, 16 August 2015 03:42)

    Decke gas

  • #16

    Anni (Sonntag, 16 August 2015 08:27)

    Super Abend tolle Musik zum mit singen :)
    Bester Nachbar der Welt :D

  • #17

    Randale Michi (Dienstag, 25 August 2015 06:57)

    Kale Kaffi ass meeeega:-DDDDD
    d'seit ass och top!!!

  • #18

    Carla Blimmi (Donnerstag, 27 Oktober 2016 01:27)

    är Musék ass mega! Mat leiwe Gréiss aus dem Norden :))))

  • #19

    Fernand Stemper (Freitag, 16 Dezember 2016)

    Dat wor super op de Bicherdeeg. Bis hoffentlech nächst Jor.

    Fern