Iwwer d'Lidder vum Album

Décken Nougat

Uwertür

Mat dëser Uwertür gëtt séier kloër, wéi en Toun op der wäisser Plaque herrscht. Hei gëtt Spass um Gegarrels grouss geschriwwen. An dësem Punkt léisst den "Décke Nougat" awer och wierklech keng Wënsch op. Zu dësem Oevre heescht ët an der Plaque folgendermoossen: "Des Uwertür gouf viru laanger Zäit uropgefouert. Leider huet e bengalesche Riesenhai d'Originalmanuskript gefriess"


De Béierbauch

E Lidd fir Leit, déi e gudden Humpen nët stoë loossen! Och dann nët, wann doduerch hire Bauch ëmmer weider wiisst. A wien esou konsequent op all Régime verzicht zugonschte vun deem gudde Béier, deen huet Charakter a muss sëch wéinst sénger décker Panz nët schummen. Grousse Respekt fir deen, dee säi Bauch voller Houfer weist, en huet jo och schliesslech genuch kascht. A wéi seet de Vollécksmond esou schéin: "Léiwer vum Béier e Bauch, wéi vum schaffen e Bockel."


Karel (Du Bas E Ruppsak)

De Karel ass e Ruppsak an ëmmer ongewäsch, hie läit dem Papa Staat seit Joër'en op der Täsch. Ma wien ass de Karel, wor hien ëmmer esou? Dat heescht, e wärd jo alt nët als Ruppsak op d'Welt komm sin? ...wat ass do nëmme geschitt? Dëst sin alles Froën, déi um Enn keng Sau stellt! Si weisen all mam Fanger op hien a falen iwwer hien hir. Méi wëll och keen iwwer hie wëssen, an dat ass dem Karel um Enn och ganz recht esou...


Karel (Du Bas E Ruppsak) huet eng Fortsetzung um Album "Kale Kaffi". Am Lidd "Dem Karel Säi Plädoyer" zielt der Karel der Welt, wat hie wierklech denkt a gëtt der Welt nach Stéiss mat sénger Kuuschtesakphilosophie. Dem opmierksame Nolauschterer entgeht dobäi kaum deen däischteren Ënnertoun a béide Lidder.


De Béise Wand Vun Hannen

Ët ass e geheimnisvollen Zaubertrick! Schäinbar wéi aus dem Naischt fänkt d'Loft ronderëm den Hexemeeschter un fierchterlech ze sténken an all Mënsch an der géigend verschwënnt op eemol einfach. Wéi dat mënscheméiglech ass gi mir wuel nie gewuer, well en zauberer verréit nie séng Trick'ën!

Verdäiwelt a verzaubert ass an dësem Lidd och dem Mulles säi phäääänomenalen Trottinette-Solo.


Schwaarz Oder Wäiss

Vill Leit hun ët nët gemierkt an déi Meescht wärten ët wuel nie gewuer gin. "Schwaarz Oder Wäiss" ass op Englesch iwwersat den Titel vun engem bekannte Lidd vum Michael Jackson. Ët ass e klengen Tribut un de grousse Meeschter, dee leider ze fréi gaangen ass. A besotenem Lidd gëtt ët e klengen Intro, e Sträit zwësche Papp a Jong, deen de Mulles an de Pir opgräifen. Erkannt? Ët ass iwwregens och eng wonnerbar Aleedung an dat nächst Lidd.


Un Lidd En Francäääh

Well jo esou vill Leit Françäsisten sin oder Françaisistesch schwätzen, hu mir e Liddchen op Françaisistesch geschriwwen. Ët ass eng trivial Geschicht vum décke Pir Pierchen iwwer séng plomp Unäherungsversich bei de Fraleit mat exquisiten a virtuosen Ausflich vum Mulles Dëppekapp um Schnësspiano. Duuschtkrunns hiren Dan probéiert dobäi mat aller Gewalt déi aner aus dem Takt ze bréngen,


Den Adnan Huet E Platten

Dëst Liddchen kéint och "Geschichten aus dem Liewen" heeschen, well d'Geschicht vum Adnan a séngem Platten ass wierklech wouer. A wann iirgendwelch Lallbattiën bei passender oder onpassender Geléenheet spruddelen, wéi wa se dofir géife Suë kréien, huet méi wéi eemol den handy gerabbelt, an den Adnan huet missen "ofgeschleeft gin". Natierlech huet den Adnan dann nëmmen duergehalen als belleg Excuse fir den Eck ze kréien.


Lo ass ët eraus! Wien sëch also un deen Owend erënnert, wéi e gezielt krut, dass den Adnan e Platten hätt soll dat als konstruktiv Kritik werten an einfach manner d'Leit volllaberen. Mir gin dem Betraffenen zum Trouscht gär en Humpen aus, awer e soll en ëm Gottes wëllen alleng doheem drénken!


Iwwer Buppfilmer

Mir hun dach alleguer scho méi wéi ee gesin, an domat mengen ech keen hallefhärzegen nennefilmchen um éischte Preis! Nee, hei geet ët ëm Buppfilmer a wie lo grinst a laacht, deen huet den Harddisk esou voll, dass ët niwwelt a kraacht. Lo kënne mer een op Entsat maachen oder riicht weider e grousst tabu dorëms strécken, um Enn sëtze mer dach all am gläiche Boot, wëll en haarde Fleck am Bettduch seet méi wéi sou muncht Tagebuch! E Lidd iwwer de pubertären Horror vun der Mam en flagrant délit erwëscht ze gin, mat der Box op de Knéien.


Hotel Mama

Ass ët nët schéin bei der Mam am Haus? En Idiot, wie séier doheem eraus wëll fir "selbststänneg" op den eegene Been ze stoën. Wat ass dat och scho fir e Wuert... Am Kloërtext heescht dat jo nëmmen selwer stënneg doheem schaffe wéi e Mauliesel an dozou stänneg Rechnunge bezuelen. Doheem eraus muss ee soubal nët an d'Mami hëllt een dach gär mat duerch... Dat mecht hir guer naischt aus, dofir ass ët sou schéin, bei der mam am Haus!


D'Gesabbels Vun De Leit

 ...oder wéi een ët am Minett géif ausdrécken: De Baschass! En ass iwwerall. IWWERALL! An awer géif dach keen eppes Béises soën oder e schlecht Wuert wëllen iwwer den Noper verléieren. Obwuel dee Knaschtbock schon erëm en neien Auto huet a schon éiweg naischt schafft. Dee lidderge Sauhond! Bei aller noperschaftlecher Diskretioun kommen hanner virgehalener Hand déi wëllste Saachen op Tapéit. Mä soulaang ee baschass gëtt liewt een alt wéinstens well wien dout ass wor um Enn dach ëmmer e fäine Kärel.


Biologie

An der Schoul wor ech nie deen hellsten, awer an engem Fach huet kee mir eng virgemaach! De Coitus, denn ass alles, Bildung ass egal, an vun dësem Lidd ass dat déi ganz Moral. Heedehaard matgesongen hun dobäi eng Hellewull Leit, déi lo och nominell genannt gin, wéi dat sëch gehéiert: Laurent, Krëscht, Isabelle, Noémi, Gilles, Kiki, Claus, Eric, Philippe, Charel, ... jo, do woren zwar nach e puer méi, mee mir wëssen beim beschte Wëllen och nët méi sou genau wien do alles matgejaut huet...


Den Null Iwwerluecht Blues

Hätt ech gewosst, dass... dann hätt ech awer... Sou oder ähnlech huet ee schon oft iwwer eng vergeite Situatioun geduecht, well ët hat een, wéi sollt ët aanescht sin, Null Iwwerluecht! Wann dat mol nët no engem Blues blärt. Dat huet sëch och wuel de Charel Schütz geduecht an huet mat séngem jäitzege Schnësspiano e klenge Säitesprong bei Spack-O-Mat gemeet fir déi eng oder aner kromm Nout op dës Plaque ze blosen. Merci Charel ;-)


Iwwer Den Alter

 Plakapp, Giicht a groë Star, den Alter, dee gëtt wonnerbar! Ma wéi sot d'Bom deemols schon ëmmer: "Wien nët al wëll gin muss jonk stierwen". An dorëms geet ët jo och, well wann ët och nët sougudd geet, d'Haaptsaach ass dach d'Liewensfreed! Fir dëst Liddchen huet de Clausi säi Panzpiano ausgepakt a schéi Loft a säi Ballech geblosen. Schéin ass ët gin...


Spass Am Alter

Dëst Lidd ass enk verbonne mam Gedicht virdrun an ass u sëch e Guide, wéi de Bop mat ierw-wüteger Famill zurechtkënnt. Well wann de Bop zweemol houscht kënnt d'Famill sech weisen, déi hie schon Dekaden nët méi gesin huet. Gäil op d'ierwschaft ewéi d'Gecken, do se schaffen, dass se frecken! An dat eenzegt wat him leed soll doën ass, dass hien dat dommt Gesiicht vun den Ierwschläicher nët méi ka gesin, wann hie mol muss goën awer virdrun alles dropgewichst huet. Ma de Bop gëtt labber 100 Joër a sou hält d'Plaque och op, mat engem schéinen oppene Schluss.