Iwwer d'Lidder vum Album

Kale Kaffi

Fir d'éischt e puer Paltongszéihereien...

Um "Kale Kaffi" hu mir mat ville verschidde Muséker zesumme geschafft. Mir soën deenen och all gär Merci, dass si ons op dësem Album sou gudd ennerstëtzt hun. De Philippe Demart huet esou och um "Kale Kaffi" op verschidde Lidder gerëselt a gebëselt. De Bléisertrio, bestoënd aus dem Simone, dem Joé an dem Dany, hun ons schéin de Marsch geblosen. D'Simone huet dozou e puer ganz schéiner Linnen um Cello gespillt. De Pit Vinandy alias Cyberpiper huet de Märchebësch mat séngem Dudelsak onsëcher gemeet. E wonnerschéine Blosbass gëtt ët am Lidd "Iwwer Iesskultur" vum Tom Offermann an d'Sylvia Nels huet sëch och hei an do an de Lidder verstoppt.

E ganz spezielle Merci geet och un d'Chorale Municipale vu Schëffléng, déi mat ons zesummen "Birra, Grappa, Laangen Tour; Industrienostalgie - Eng Ode Un De Minett" gesongen hun.

T'ass Zäit fir de Blöden Téckert

Eng grouss flappeg Stand-Auer schléit hiren Tralala a laut domat den zweeten Album vu Spack-O-Mat, de "Kale Kaffi" an. Ma t'gouf Zäit dofir an dozou ass ët och an engems d'Aleedung an dat éischt Lidd, de "Blöden Téckert".

 

Mat dësem Lidd gëtt dann och séier kloër, dass de Mulles a séng Hickescht ët eescht mengen an op dësem Album ganz ongewinnten Téin uschloën! Obwuel hei offensichtlech ganz nei Saiten opgezu gin bleiwt den Album ëmmer eng verbonne mam Virgänger "Décken Nougat". Sou gëtt d'Zäit also sëcher nët laang... Ma läit ët da lo ieren un der Relativitéit, dass all Auer fräi no hirem Wëllen dréit?



Kulinareschen Neanderthaler

De Kulinareschen Neanderthaler ass e Genoss fir all Sënner. Ma wuelgemierkt, e Sënner ass een dee sënnegt a schlëmm Saache mecht! An de Mulles sënnegt géint all Doktrin vum Knigge déi ët gëtt. Nët genuch domat, dass hien ët mol nët besser kéint wann e wéilt an dofir souwéisou ëmmer frësst ewéi e Schwäin. Nene, hie gesäit sëch als abstrakten Artist vun der Konscht vum schlechte Behuelen an erschafft sech a deem Domaine eng zweifelhaft Prominenz.


Ët gëtt wuel kee Mënsch méi am Ländchen, deen hien nach op sénger Soirée wëll gesin. Ganz dovun ofgesin, dass hien och déi gedëllegst Dëschgenossen effektiv ze verdreiwe weess, léisst hien Dame vum Haus och mat Sëcherheet nët a rou a koum esou scho méi wéi eemol an de Genoss vun enger Soirée Cabarää privää, mam Négligé am Separé! Dee Ruppsak!


4 Keng Op!

Wat sou schéin um Country ass, dat sin d'Geschichten sot mol de Ray Charles. Ma dee Mann hat Recht! An dësem Lidd gin e puer wonnerbarer a mat Sëcherheet pädagogesch fräi Anektoten aus dem Liewe verzielt. Vum Pompjees-Kommandant mam Humpen an der Hand bis zum Dokter, deen de Patient vun sénger Invaginatiounsoperatioun verwiesselt huet. Si sin all dobäi a warden gelauschtert a geliewt ze gin. Yiiihaa!


Birra, Grappa, Laangen Tour

Industrienostalgie - Eng Ode un de Minett

Mueres fréi en Humpen, eng Drëpp an dann op déi duebel Schicht. Ët wor e stengengt Liewen an der Industrie an ët ass e wichtegt Stéck vun der Geschicht vun eiser Regioun. Mir sollen ët als Vermächtnis an Éiren halen, wéi ons Pappen onse Wuelstand erschafft, an dofir oft mat hirer Gesondheet bezuelt hun. Dëst ass eng Ode un de Minett, déi mir och engem ale Mineur widmen, dem Nello Baschera vun Esch/Uelzecht.

Fir dëst Lidd hu mir zesummegeschafft mat der Chorale Municipale de Schifflange

E ganz grousse Merci un ons Sänger vun der "Chorale Municipale de Schifflange". Hei ass e Bild vun den Opnahmen a lénks gesäit een nach de Claus dirigéieren. Matgemeet hun:

- Pol Kayser

- Mett Lietz

- Gilbert Gliedner

- Henri Wilmes

- Mett Kayser

- Raymond May

- Jos New

- Ben Hansen



Fréier Wor Alles Besser

 Fréier wor alles besser! An alles, wat schon deemols naischt gedaacht huet, ass eben duerch d'Joëren gudd gin. Woren ët wierklech déi al Zäiten déi mol besser woren oder wore mir ët vläit éire sëlwer? E Lidd iwwer verwäschen Erënnerungen fir Leit, déi nostalgesch Gefiller fir Zäiten hegen, déi si selwer nie erlierft hun. D'Moral vun der Geschicht: Haut ass déi gudd al Zäit vu muer!

 

"Fréier Wor Alles Besser" wor déi éischt Single aus dësem Album an d'Versioun op der Plaque ënnerscheed sëch och liicht. Niewend e puer neien Elementer an och engem ganz neie Mix séngt d'Sylvia Nels (souzesoën an engem Cameo Optrëtt) wonnerschéin Aaahh -an Ohhh'ën mat eingem schéine 50ies-Shalalala...


De Weise Bop

Wann de Bop dem Enkel eppes ze soën huet, dann ass dat meeschtens kee Kabes...


Ët ass just e klengen Iwwergang an dat nächst Lidd


D'Geschicht Vum Ländchen

1963 huet Lëtzebuerg säin 1000-jähregt Bestoë gefeiert... Wat ass bis dohin an zanterhir geschitt? Keng Loscht fir déck Schmökeren ze wälzen oder de Geschichtsprof ze froën, deen dann de Bak nët zouhält bis 3 Auer mueres? Kee Problem! Lauschters de dem Mulles no, dee seet dir wéi ët wierklech wor, a scho knapp no 3 Minutten ass dir alles sonnekloër!


D'Geschicht vum Ländchen an 3 Minutten kompakt verpakt, wat wëll ee méi? D'Geschichtsprüfung ka kommen!


Opstoën, Weidergoën

Maach Limonade wann d'Liewen dir Zitroune gëtt! Heiansdo gëtt ët eng batter Pëll an kräftege Fouss an den Uasch. Lo kann een der ganzer Welt zielen wéi schlecht ët engem ergaang ass a wéi ongerecht Liewen ass, mee dat wësse mir dach all selwer, ët gehéiert numol zum Liewen dozou. Wat léiere mir doraus: Rësel dech a stéi rëm op, looss ët hannert dir! Stéi dir selwer nët am Wee a géi weider no vir. Opstoën, weidergoën, do ass nët méi ze soën, all Mënsch muss eemol säi Gang op Canossa goën.


Am Märchebësch

Op dëst Lidd hu vill Leit joërelaang gewaart an ët stoung souguer schon um Programm vum Album "Décke Nougat". De "Märchebësch" ass en Urgesteen a gouf schon um éischte Concert am Joër 2009 gespillt. Nodeems deen arme Claus dëst Lidd komplett färdeg hat, hu mir hie gedoën ët läschen an erëm ganz nei ophuelen!

An der neier Versioun huet keen aanere wéi de Cyberpiper op séngem Dudelsak fir mystesch Stëmmung gesuergt. Am Märchebësch brennt haut de Bam an do weess all Troll: Dat schéinste Märchen dat brauch Sex, Drugs and Rock'n'Roll!


Muselfränkesch

Um 9. Juni 1815 gouf während dem Wiener Kongress e Contract ënnerschriwwen, deen d'Sauer an d'Our zu Grenzflëss zwëschen Lëtzebuerg an Däitschland gemeet huet. Op den Dag genau 200 Joër méi spéit hu mir onst Lidd "Muselfränkesch" als Single erausbruecht fir dorun ze erënneren. De Message hannendrun? Opzeraumen mat Klischeen a Virurteeler!

 

Vill vun ons sin nach haut virageholl géint Auslänner, vum Heckefransous iwwer den Zillebäcker bis zum Preis. Dobäi wore mir nach virun 200 Joër ee Volléck. D'Wonne vun zwee fuerchbare Weltkricher sin och 70 Joër méi spéit nach nët vollstänneg geheelt, ma am Zäitalter vum geeenten Europa gëtt ët Zäit, fir sëch d'Moral vun onsem Liddchen ze verënnerlechen:


"Wa mir Land a Leit getrennt vu Lännergrenze schätzen,

huet d'Hémecht just déi Grenzen, déi mir selwer setzen"



D'Suergen Ëm De Léiwe Goss

Mëtt vum Mound kee roude Wak, dat geet mir fatzeg op de Sak! Sou trivial, sou traureg, sou wouer! An um Enn vun all Loun ass ëmmer nach en décke Batz Mound iwwreg an da gëtt de Mastik vun de Fënstere gefriess fir nët schwaach ze gin an den Hond vun Honger ze schluechten. Am Bistro gin ech och verdriwwen - "Hei gëtt nëmméi opgeschriwwen!" De Wiert Fränky weist hei wat e kann a gehäit de Mulles aus séngem Bistro eraus. Dee Misère hëllt keen Enn, mä gläich kënnt jo d'Pai, mee déi ass jo bekanntlech och nët déck...


Dem Karel Säi Plädoyer

Dëst Lidd ass d'Fortsetzung vum Lidd "Karel (Du Bas E Ruppsak)" vum Album "Décken Nougat". Hei héiere mir wat de Karel ze soën huet. All dat, wat soss kee wëll wëssen gi mir vun him gewuer an ët stellt sëch eraus, dass de Karel e ganz nodenkleche a waache Geescht ass, dem ët awer alles aanescht wéi gudd geet. Eng schrecklech Geschicht wor ët, déi säi Liewen aus den Angele gehuewen huet. Ma wiere mir dach nëmmen e Stéck op hien duergaangen, da misste mir haut nët säin Ofgesang un d'Nowelt lauschteren. Genee dat ass ët nämlech, wat dem Karel säi Plädoyer wierklech ass. Düster schléisst hien of mat de Wierder: Post mortem alles Guddes - a sëcher bis geschwënn!


Iwwer Iesskultur

Am Liewen därf een nie vergiessen gudd ze drénken an ze iessen a wien eppes op sëch hält, mecht dat sou wéi him gefällt. Dobäi ka jo och dee gudde Lëtzebuerger Kascht nët genuch geluewt gin! Dëst ass e Liddche fir Genéisser wéi Fréisser, fir Fëscher, Jéeër a Plätteleféeër, ma awer och fir all Zort vu Planzefréisser. Well hei gëlt d'Moral, dass mir mat Freed un eise Kascht solle goën an eis dofir sollen Zäit huelen. A schon onsen Dicks, dee sot: "Hun ech dee ganzen Dag gejot, da brauch ech keng Zalot beim Brot" (*D'Fëscher an d'Jéeër aus der Operette "Op der Juecht").


A fir dass dat ganzt och richteg schéin defteg gëtt, huet den Tom e härzhafte Blosbass agespillt. Einfach Dälissiiöö!


E Lidd Fir Méi Lidder Ze Hun

E Lidd fir méi Lidder ze hun, fir dem interesséierten oder och dem oninteresséierten Nolauschterer den Androck ze vermëttelen, dass dësen Album méi ze bidden huet, wéi ët vläit tatsächlech mecht. Sou wéi dem Richard Wagner séng Wierker, déi si jo anscheiend och besser, wéi se kléngen. Sou wärt och den Auteur vun dësem Text zum Beispill ganz vill schwéier Wierder benotzen, déi hie selwer meeschtens guer nët versteht, nëmme fir de Lieser ze beandrocken an dass dës Zeile méi photosynthese schéngen. Alles muss schéin morganatesch openeen stoën, sou gesäit een op den éischte atmosphäresche Bléck nët wéi e bionesche Kabes do steet, a wa sëch mol genuch chromatesch Buchstawen um Pabeier versammelen, liest souwéisou kee Mënsch méi weider. Wien ka scho vu sëch ionisatoirement behaapten "Das Kapital", oder d'Bibel ganz gelies ze hun? De Sënn vum Liewen, de Schlëssel fir Erfolleg a Gléck oder ganz einfach dem décke Pir säi Pin vu sénger Kreditkaart, dräi, fënnef, zwee, véier - hei am Bräi vun den onnëtzen Informatiounen ass e besser opgehuewen wéi an engem décken panslawistesche Safe. Witzeg gëtt ët, wann een dann ufänkt op eemol all Zuel an all Komma auszeschreiwen a gläichzäiteg d'Interpunktioun ganz ewegzeloossen Punkt Eng Studie huet ergin komma dass siwenasiechzeg komma sechs Prozent vun de Männer a Fraën zwëschen véierzéng an siwenanonzeg Joër Angscht hun viru vollgeschriwwene Säiten komma awer aus der sëlwechter interstellarer Etude geet korpulenterweis ervir dass dräiasiwwenzeg komma sechsanachzeg Prozent vun alle Statistiken falsch sin Punkt Wien ët bis heihin gepackt huet komma deen huet en neoapostoleschen Nervekostüm komma deen och elo weider strapazéiert gëtt andeems och nach Grammatik komma Rechtschrääbüng ä grouss strëchpunkt a klängschräbung äwwer boord gehat gën ponk lo ka liäse baaal kee schwäääiii mä waat hi stäät kommäh a schräwe ee kannn waht é wölll ponk älo rischtesch öt laasssgäht wie hött kuraasch wäädazeliäsa wa traalllalla ëmma wölll götttt méi fraagezeeechen - Bon, loosse mer dee Blödsinn! Natierlech gëtt awer an engem Blocksatz weidergefuer, nët dass nach een déi topesch Iddi kritt ab engem Abschnëtt e Stéckche matzeliesen. Domat ass de "Kale Kaffi" eriwwer a wëll jo eh kee Schwäin liest wat hei steet gin ët e puer Geheiminformatiounen, wou och soss garantéiert néierens soss stin. Nodeems den "Décke Nougat" an de "Kale Kaffi", déi allebéid zesummegeheieren, ofgeschloss sin, schloë Spack-O-Mat dëst Kapitel zou. Dëse Fundus u Lidder vunj dësen zwee Alben nenne si elo "Déi Gesabbelt Wierker Vu Spack-O-Mat" (benannt nom Gedichtbuch vum Sepp Thill a Max Duchscher). Déi nächst Plaque gëtt roud a soll "Grousse Kino" heeschen a befaasst sëch nach eng lescht Kéier mat de Gesabbelte Wierker. Ennert aanerem ass och en Theaterstéckchen an der Maach. Als Grupp wollte si sëch souguer opléisen, fir den Ensemble u Lidder op den zwee Alben ze würdegen an dono ënnert engem neien Numm vu vir unzefänken. Dat hu se letztendlech awer (nach) nët décidéiert, well si d'Kontinuitéit vun der Grupp nët einfach esou wollten iwwer de Koup geheien. Ët soll een ophale wann ët am schéinsten ass, ma ët kommen sëcher nach e puer schéi Momenter bis ët esouwäit ass. Sou! Lo verstoppe mer dës wertvoll Informatiounen awer erëm séier am Schmant vun der Belanglosegkeet a bréngen och nach e schéint Bildchen an d'Spill. Geklaut aus dem Internet, naischtsoënd awer schéin fëllt ët hei d'Säit op a mecht e gudden Adrock. Esou entsteht eng Beschreiwung fir e Lidd, fir méi Beschreiwunge fir d'Lidder ze hun.