Spack-O-Shop

Du wëlls eis Musék kafen?

Dat freet eis a mir wëllen dir dat esou einfach wéi méiglech maachen.

Hei kanns du eis Long-Play Alben "Décken Nougat" a "Kale Kaffi" bestellen. Wanns du eng Vinylplaque hëlls, kriss du dozou zousätzlech en Download-Code, fir d'Lidder digital erofzelueden. Vill Spass beim akafen ;-)

Eis Alben "physesch" kafen


Am Moment sin all ons Alben vergraff. Gläich kënnt awer en CD an d'Vinyl vum Album "Kale Kaffi" no... Natierlech kritt dir ons Stécker awer och all online

Den Album Kale Kaffi op Vinyl

De leschte Kreesch! De Kale Kaffi, deen zwar keng giel Zänn mecht, awer dofir wuel daf! Vill Lëschteges awer och munch Eeschtes sin drop ze fannen. Opgepasst: Ët ass eng Vinylplaque a beim Album dobäi ass en Download-Code, wous du d'Lidder zousätzlech digital erofluede kanns. D'Liwwerkäschte si schon am Präis mat dran, mä maach dech bäi, ët gin der nët méi vill

20,00 €

  • leider ausverkauft

Déi Gesabbelt Wierker Vu Spack-O-Mat

Fir Release vum Kale Kaffi gëtt ët ons zwee Alben "Décken Nougat" (2012) a "Kale Kaffi" (2015) als streng limitéiert an nummeréiert CD-Editioun. Et ass déi éischt Oplag vun de "Gesabbelte Wierker Vu Spack-O-Mat" an ët gëtt se nëmmen 100 mol. (Den Titel bezitt sëch dobäi op d'Buch "Gesabbelt Wierker" vun 1940, geschriwwe vum Sepp Thill a Max Duchscher, déi mir domat wëllen éieren.) Transportkäschte sin am Präis mat abegraff.

35,00 €

  • leider ausverkauft

Den Album Décken Nougat op Vinyl

Onse Bestseller! Krop der den Album "Décken Nougat" a laach der eng Knupp an de Réck! Opgepasst: Ët ass eng Vinylplaque a beim Album dobäi ass en Download-Code, wous du d'Lidder zousätzlech digital erofluede kanns. D'Liwwerkäschte si schon am Präis mat dran, mä maach dech bäi, well ët sin der nët méi vill do!

20,00 €

  • leider ausverkauft

Eis Musék digital eroflueden

Eis Musék kanns du och digital lauschteren an eroflueden. Ët dierft fir jhiddereen dat passend dobäi sin. Wanns du op d'Symbol vum Ubidder dréckes gëss de direkt op déi richteg Säit verlinkt.