Wien a wat ass Spack-O-Mat?

 

 

Wat an der Press scho vu Spack-O-Mat veröffentlecht gouf.

Artikelen, Interview'en an och Flyer'ën vu vergaangene Concert'en

Wéi mir ons gesin

Wien a wat ass Spack-O-Mat? Dat kann ee sëch froën...

Dir gidd ët gär gewuer? Mir wärten iech ët soën..

 

Spack-O-Mat, dat ass eng Grupp, déi akustesch Musék mecht.

Mat Kontrabass, Gesang a Guitar kritt dir Lidder opgedëscht

déi ze ënnerhale sichen, zweemol lëschteg, eemol eescht,

iech unzeregen nozedenken, dat no Zäitens alem Geescht.



Sou hu mir ons an onsem Grënnungsjoër 2009 nach sëlwer virgestallt. Als Grupp, déi mat Kontrabass, Gesang a Guitar akustesch Musék mecht. Tatsächlech woren ons Ufäng ganz einfach. Als Grupp vun dräi Kollegen hate mir d'Intentioun, op urege Plaatzen an engem klenge Kader ons Lëtzebuergesch Lidder méiglechst onverstärkt ze spillen. Als Virbild hun ons déi aal Uuchtenowender an der Duerfwiertschaft gedéngt, wou sëch Owes Jonk an Al getraff huet, fir zesummen ze sangen.

 

Oft si mir wäit dovun ofkomm, awer iirgendwéi hu mir d'Kéier ëmmer erëm gemeet. Och wa mir ons dobäi emmer nei orientéiert hun, wéi dat an enger aktiver Grupp numol geschitt, sou sti mir awer och haut nach hannert onsem originäre Konzept.

Ët gëtt sëch virgestallt...

Mulles Dëppekapp

De Mulles héiert een um Concert ëmmer am haardste jäitzen, mä sou ass dat numol wann ee Sänger an der Grupp ass. Dozou drescht hien nach d'Guitarsäiten, dass ët dem Mann um Mëschpult dronke gëtt.


Hien ass lëtzebuerger Dichter a schreiwt Texter. Ausserdem mecht hien e fuerchbar dommt Gesiicht, wann hie séng eegen Texter mëtten an de Lidder vergësst. Deen Hännes!

Dan Duuschtkrunn

Den Dan spillt Guitar ass u sëch e gudde Jong, mee en huet en erhiewlechen Drang zum Exhibitionismus a packt ët anscheinend net, fir séng Kleeder eemol e ganze Concert laang unzebehalen.

 

Dass hien och groussarteg u séngem Instrument rappt geet duerch den uewe genannte Problem leider am Strudel vun de Belanglosegkeeten ënner.


Pir Pierchen

Den décke Pir, wéi e beleiwt sou liewt, ass de Bassgeier an dësem illustren Ensemble. Heiansdo ass de Pir sou schlecht, dass hien sëch mat knapper Nout op séngem décken Instrument ugehale kritt.


Zum Gléck huet hie séng hëlze Matant awer ëmmer erstaunlech gudd am Grëff, och wann allgemeng bekannt ass, dass hien op séngem Instrument éischter leiend wéi spillend unzetreffen ass.

Tun Duuschtkrunn

Wat hun déi arm Duuschtkrunns wuel schlëmmes am Liewe verbrach, dass onser aller Här hinnen direkt zwee Spack-O-Mat'en an d'Wéi geluecht huet?

 

Dem Dan säi Brudder, den Tun Duuschtkrunn, rappt a klappt bei Spack-O-Mat ëm säi Méckeliewen. Ët gëtt gemunkelt hien hätt am leschte Joër heemlech promovéiert a wier lo Dokter am domme Sabbelen...


Graf Otto

Blo woren d'Jonge jo scho méi wéi eemol mee elo kënnt dann op eemol richteg blot Blutt an d'Spill! Den Graf Otto huet säin éierwürdegen Titel an engem Maxi-Pak Bonux-Wäschpolfer fonnt an erliicht dee soss esou bohèmen Ensemble mat sublimer Noblesse. Ëmmer eng Servéit an der Täsch an en ärdene Krou an der Saït, hält hie streng un alen Traditioune fest. Mat haardem (Stëmm)Organ a Guitar léisst hien dobäi gären  d'Poppen danzen.

 



Adnan

Den Adnan ass keng fiktiv Figur, wéi vill Leit mengen, wa se d'Lidd "Den Adnan Huet E Platten" um Album "Décken Nougat" héieren.


Hie wor (an ass) de "Mann vun de Blieder". Dat heescht, hien filmt mat enger Kamera während dem Concert Texter of, déi dann zäitgläich op eng grouss Leinwand projezéiert gin, fir dass d'Leit alles matliese kënnen.


Leider huet den Adnan nët méi genuch Zäit fir sénger Aufgab nozekommen, mä d'Grupp léisst en awer och nët einfach zéihen!

Fränky

Spack-O-Mat hat eng exklusiv Glanzzäit mat hirem eegene Wiert, dem Fränky. Et ass e Misère, dass hien nët méi dobäi ka sin, dofir bleiwt awer der Grupp de Bléck zeréck op lëschteg a schéi Concert'en, wéi si mat hirem eegene Bistro duerch d'Land gezu sin.

 

Iwwregens héiert een am Lidd "D'Suergen Ëm De Léiwe Goss" um Album "Kale Kaffi", wéi de Wiert Fränky de Mulles vernënnt an aus dem Bistro dämpt. Alles Guddes un onse gudden ale Wiert :-)

Claus

De Claus huet deen zweifelhafte Plaiséier fir all Lidd opzehuelen, wou d'Jonge mam aparte Nougatsgoût sëch afale loossen. Där armer Sau bleiwt naischt erspuert, awer ët gëtt gemunkelt, dass hien dat alles eigentlech ganz gär mecht.


Ausserdem ass hie jo och warm a kal gewinnt als Member vun de bekannte Gruppen Benny and the Bugs, den Toxkäpp an och de Krunnemécken. Bei den Dëppegéisser sëtzt hien och op der Ersatzbänk an hien ass iwwerhaapt iwwerall an der éischter Rei, wou en Hond geschleeft gëtt.



Onvergiesslech Momenter bei Spack-O-Mat...

...wéi mir den 13. Juni 2009 eisen éischte Concert zu Diddeléng am Keller(!) vun engem Café gespillt hun, zesumme mat die Ülzte a Säitesprong... dat huet zesummegepasst wéi Nitro a Glytzeryn!

...wéi mir den éischte Concert mam Adnan gespillt hun an am Yellow Cello zu Rëmeléng d'Bud ofgerappt hun

 

...wéi den décke Pir kee Kabel fir säi Bass hat a ganz am Eescht virgeschloën huet, hie géif einfach maache wéi wann hie géif spillen, ët géing jo souwéisou keng Sau den Ennerscheed héieren

 

...wéi mir mat vill Opwand e Live-Concert matgeschnidden hun an deen dann awer esou miserabel vergarrelt hun, dass awer och nët een eenzegt Lidd dovun ze gebrauche wor.

 

...wéi onse Spack-O-Mato-Mobil bei ganz exakt 30.000 km zu Kayl bei der Däiwel gefuer ass, voll bis ënnert den Hut mat eisem Material.

 

...dem Claus säi verzweifelt Gesiicht, wéi mir mol mat him eng ofgeännert Versioun vu Sandweiler um "Benny and the Bugs"-Chrëschtconcert gespillt hun. D'Lidd hat en 3/4 Takt an den Tun huet dat ganzt Lidd duerch hartnäckeg e 4/4-Takt drop geklappt.

 

…wéi den aarme Claus no engem aanere Concert vun der Bühn fortgelaf ass well ën sëch fir dee minablen Optrëtt geschummt huet.

 

...wéi den Tun beim Claus am Studio mëtten an der Arbescht aus bis haut ongeklärter Ursach einfach fortgelaf ass.

 

...wéi mir fir d'Buergbrennen um Schlittenhiwwel bei décke Minusgraden klackenhaard gefruerenen Nougat op d'Leit gehäit hun.

 

...wéi de Claus bei séngem éischten Treffen mam Mulles erzielt huet, dass hien de Saatz: "Ech hun een décke gefuerzt" op all erdenklech Sprooch sammelt an doraus d'Lidd "De béise Wand vun hannen" entstan ass.

 

...dass den Dan ët einfach nie färdegbréngt fir e ganze Concert laang séng Kleeder unzebehalen

 

...dem Tun säi Gesiicht, wéi hien um Wee fir op e Concert dem Pir séng rieseg Bassgei gesäit aus dem Unhänger op d'Autobunn an de Verkéier fléien.

 

...wéi de Mulles, de Fränky an de Paul Lebrun viru kenger Sau op der Scoutekiermes gegarrelt, a sëch awer gudd amüséiert hun.

 

...wéi de Fränky awer nu guer nët averstan war dass säin Numm an engem Lidd mëssbraucht gouf

 

...wéi mir eng Zäit laang am Big Ben zu Diddeléng op der Keelebunn(!) geprouwt hun a wéi schwéier ët ëmmer wor fir ons vum Comptoir op d'Keelebunn ze schleefen

 

...déi schéi Bojoläääsconcert'en beim Tun am Big Ben zu Diddeléng