Wie soss nach iwwer d'Bühne vum Ländchen tingelt..

Ët sin der eng yet, déi nach haut hir Guitare, Bäss, Batterien a gëlle Stëmmen vu Bühn zu Bühn schleefen an ët ass scho vill gudd Lëtzebuerger Musék opgeholl gin. Lauschter mol eran a maach der selwer e Bild...

Ob Säitesprong sëch no engem moralesch verwerflechen zwëschemënschlechen Akt benannt hun oder no enger Guitars-säit déi gerass ass, bleiwt wuel hiert Geheimnis, genausou wéi d'Fro, firwat ët nach kee Säitesprong-Album gëtt.

 

De Fränk, Charel a Mike sin al Huesen am Geschäft a gin ewell zesumme mam Fabrice mam Régis décken Nougat! Iwwregens huet Spack-O-Mat hiren alleréischte Concert zesumme mat Säitesprong gespillt. Eralauschtere lount sëch hei definitif!


Dëppegéisser


Schon zanter 2005 kréien Musékfans vun den Dëppegéisser beschte lëtzebuerger Schmant servéiert. Mat vill Witz a Charme bidde si e starke Programm dee kee Mënsch roueg sëtze léisst.

Mat eegenen Texter an hirer Mammesprooch jongléieren si mat Klischeeën an Anekdoten aus dem alldeegleche Liewen, mä huelen sech selwer dobäi net all ze eescht.




Benny and the Bugs


Seit méi, wéi 10 Joer huet sech Benny & The Bugs an der lëtzebuerger Folklore-Szene établéiert. Dräi CD’en hu si schon erausbruegt. Di Blo (2006), di Gréng (2008) an di Giel (2012). Di lescht Bugs-CD huet souguer en Numm: et ass de Jean-Pierre. Wanns Du e scho méi oft gelauschtert hues, kanns De en och Jemp nennen! Eng nei (komplett!) Versioun vum “Bommeleeër” däerf aus traditionelle Grënn net fehlen. Wéi emmer op lëtzebuergësch a wéi ëmmer mat egenen Texter aus dem Liewe gegraff.


 

Mee besser nach, wéi all Benny & The Bugs CD sin natiirlech hier rar geséinte Live-Optrëtter. Mat Klassiker wéi zum Beispill ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hu si hier ganz egen Art a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen. Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen. Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!



Schëppe Siwen


Zanter 2009 rocke Schëppe Siwen vu Bühn zu Bühn a brénge Stëmmung an d'Bud. All Joër koum een neie Member dobäi, sou dass d'Unzuel momentan bei 5 Muséker läit. D'Musék pendelt tëscht traditionelle lëtzebuergesche Melodien a kelteschem Folkrock. Erëmzefanne si souwuel haart Riffs a féx Rythmen wei och sprëtzeg Melodien a charmant Air'en. Gidd dach mol kucken...



Du bass Pussy, Cat an Doll...? Da sief gewarnt, well si sin net Take That... Villäicht bass de awer och schuarf wéi eng Minetter Moss an da bass de bei Tëschegas genee richteg!

 

"Tëschegas gouf 2009 no enger zimlech fiichter Soirée, jo et huet gereent wi aus Eemeren, gegrënnt. Wëll et schon e ganze Koup Bands gin, déi hir Texter mat akustescher Musék ënnerléeën, hu mär eis entschloss et nom Thierry Van Werveke senger Rezeptur ze maachen: „Loosst et hummeren, loosst et kraachen, fräi sin heescht Kaméidi maachen.“ An dofir spille mär Metal!"


Lyresch geet et mat enger Dosis Witz an (Eegen-)Ironie ëm Alldeegleches, a well mir „fäin Drecksäck aus dem Minett“ sin, (fir et wéi „De Läb“ ze soën) awer och ëm de Minett an d’Stohlindustrie. Kuerz gesot, dat wou dran eis Bope fréier geschafft hunn, dat spille mär haut... Schwéire „Minetter Metal“!




Déi lëtzebuergesch Folkgrupp, déi den “Al-Eechternoacher” Numm vum Päiperlek dréit, besteet schonn zanter 1977 a verschiddene Besetzungen. Millermoaler ass ouni Zweiwel Symbol a Programm an engem.

Déi zwee sympathesch Museker, déi schonn zanterbal 40 Joer, jiddereen op senger Säit, an der lëtzebuerger Musékszeen matmëschen, hu sëch entscheed an dëser Zesummesetzung aktiv ze bleiwen. Si ergänzen sech duerch hiert Zesummespill esou, datt bei all eenzel Lidd Neies an Onerwaartes méiglech 


D'Krunnemécken


D’Krunnemécken sinn zwee lëschteg Panzpianisten, déi sëch selwer als Stroossemuséker verstinn.


An hierem Repertoire sin esouwuel traditionell lëtzebuerger Volléks-lidder, wéi och bekannten Hits aus der Rockgeschicht, mee ëmmer interpretéiert „à la luxembourgeoise“.



De Läb aka déi fäin Drecksäck aus dem Minett, ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen am Joër 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp gegrënnt gouf. Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujeten gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb-Sprooch analyséiert an interpretéiert.

 

Si hu mëttlerweil vun der klengster Bistrots-Théik bis zu gréissere Bühnen d'Land onsécher gemaach an et dierf ee gespaant sin, mat wat si hiren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wärten.



De Midlife Chris


 

Pssst! Naischt soën, mä de Midlife Chris ass sou eppes wéi de grousse Geheimtipp an der lëtzebuerger Musék an heiansdo geheie si klammheemlech eng Single op de Maart. Dat Schéint an dat Gudd blärt eben nët ëmmer no grousser Opmierksamkeet.

 

Op "Wiertschatskris", "Déier am Verkéier", "Supergaus" oder ganz aktuell "Thé dansant", wien hei nët eraklickt, deem entgeet eppes!


Lucy spillt um Späicher


mam Daiwel

Wat e laangen Numm! E léisst sëch awer wéi de Beatles Song "Lucy in the sky with diamonds" an 3 Buchstawen ofkierzen: LSD! Lo kann ee soën: Eng Beatles Coverband, dat hate mer schon alles! Awer nët déi hei!!!


Nët genuch, dass ët déi eenzeg bekannte Band ass, déi d'Lidder vun de Beatles op lëtzebuergesch sangen, mä si sin och nach richteg gudd a rappen op hire Concert'ën d'Bud of.


Si maachen hiren Numm zum Programm wann de Sergeant Peffer mat séngem gielen U-Boot duerch norwegescht Holz schippert. En LSD-Concert ass wéi en LSD-Trip; wien nach keen erliewt huet, soll och nët matsabbelen wann en naischt kennt!



Serge Tonnar a Legotrip


De Serge Tonnar muss een haut nët méi groussarteg virstellen. Och zesumme mat sénger Band Legotrip hu si sëch mat onzielege Concert'ën uechtert d'Land en Numm gemeet an hir Lidder sin am ganze Land an och doriwwer eraus bekannt.


Ob Klasseklon, Bopebistro, beim Hämmelsmarsch oder elo ganz aktuell beim T-Dansant. Si gräifen al lëtzebuerger Traditiounen op a verbanne se gekonnt mat hirem eenzegartege Stil. Wien hei nët eralauschtert ass selwer Schold.



D'Cojellico's Jangen



Lëtzebuerger 'Schlager' ronderëm d’Spëtzbouwe Poutty Stein, Louis Petit, Jempy Welter, Sepp Thill & Co. fir 5 Männerstëmmen a Piano. D'Cojellico's Jangen sin e Gejangsquintett am Stil vun den onvergiessleche Comedian Harmonists... usprochsvoll, stëmmungsvoll, zougänglech.


De Fausti


De Fausti ass eng lieweg Legend; eng Art Chuck Berry fir lëtzebuerger Bühnen a och wäit driwwer eraus. Nët fir naischt huet den Andy Bausch am Joër 2015 e ganze Film iwwer de Fausti gedréit, de Faustino One Man Show.


Kuckt a lauschtert mol no, wat de Meeschter sou alles opweises huet. Mä opgepasst, dat ass wéi wann een an de Louvre geet. Ët dierft e puer Deeg daueren, bis der alles gesin hutt.



Toxkäpp gouf schon 1995 als Oi!Punk Band gegrënnt. Vun Ufank un hu si Lëtzebuergesch gesongen a wéi mat de Joëren ëmmer nei Muséker bäikoumen huet sëch déi musikalesch Ausriichtung vu Ska-Punk an Two-Tone Ska gewandelt.


Haut si si vill am Land, ma och international ennerwee a hu scho mat Bands wéi Madness a villen aanere gespillt.



Dullemajik gouf 1975 ronderëm de Gittarist a Sänger Guy Schons gegrënnt. Mat hirer Manéier al Lëtzebuerger Lidder an awer och nei Kompositiounen ze presentéieren, hu si ganz vill Androck hannerloss an en neit Bewosstsin fir déi lëtzebuergesch Kultur bei deene jonken Generatioune geschaf.



Plakeg oder Ugedoën


Si si wuel dat, wat een "Les enfants terribles" vun der lëtzebuerger Musék nenne kann.


Fir déi eng ordinär, fir déi aner extraordinaire, sin si e Stéckche lëtzebuerger Muséksgeschicht, wat een sëch nët méi ewechdenke wëll.





Si maache gekonnt de ganz grousse Radau op de Lëtzebuerger Bühnen. Moof sin déi al agesiesse Schwéiermetall-Schaffpärd, déi scho méi wéi 20 Joër laang déi lëtzebuerger Bühnen onsëcher maachen. Si maachen nët nëmmen gudd haard Musék, si vereenegen och d'Muséker vum Land op hirem Mooffest, wou nët nëmmen Musékfans op hir Käschte kommen, mee wou och de gesamten Erléis vum enger karitativer Stëftung zeguddkënnt.


D'Superjams inspiréiere sëch vill un der däitscher Electro-Folk Szene a verbannen elektronesch Beats mat provozéierenden lëtzebuergeschen Texter.


Hir éischt Single heescht "Besse Raven" an ass nëmmen en avant-goût op dat, wat nach vun hinnen op ons wart.


Toxic René


Den Toxic René ass scho vill ronderëm komm an heiansdo taucht en nach vereenzelt a séngt séng Lidder, déi wäit am Land bekannt sin.


Op der Foto riets garrelt och e kënnegt Gesiicht op der Guitar hannert dem René. Lauschtert mol bei him eran.




Huddel a Fatz


Och si gëtt ët schon zanter 2009. Déi zwee Kollegen hu scho virdrun an diverse Muséke zesummegespillt, ma d'Chimie huet gestëmmt a sou Huddel a Fatz entstan.


Am Summer 2010 koum och nach hiren drëtte Member bäi. Si wëllen iech a sëch selwer nach vill flott an amüsant Momenter bidden.


De roude Fuedem


De roude Fuedem ass eng Band, déi dech an hire Bann zéie kann, egal wéis de musikalesch gestréckt bas. Si sangen wuel op lëtzebuergesch, awer och an aanere Sproochen. Ët ass eng flott an interessant Mëschung vu Leit, déi hir Lidder an där Sprooch ausdrécken, an där se sëch fir dat jeweilegt Thema vum Lidd am wuelste fillen.

 

Ët gëtt vill Nodenkleches ze entdecken an hir Texter gin ëm Fridden, Léift, Liewen, Dout wéi och allgemeng Problemer an der Welt. Et ass méi wéi dowert fir beim roude Fuedem gudd d'Oueren ze spëtzen well hei gudd Musék op interessant Messagen trëfft.


D'Sylvia Nels séngt séng Lidder all op Eifler Platt. Dat ass Muselfränkesch a wann der eralauschtert heiert der, dass dat (bal) Lëtzebuergesch ass. Et ass duerchaus interessant ze héieren, wéi mir ons och nach wäit iwwer d'Grenzen eweg verstin an iwwer ons gemeinsam Sprooch -a Kulturverbonnenheet huet d'Sylvia mat Spack-O-Mat zesummen e Lidd gemeet, wat um Album "Kale Kaffi" ze fannen ass: Muselfränkesch.